
D’Stad Rëmeleng informéiert seng Biergerinnen a Bierger iwwer d’Klimabonus Roadshow, eng Initiativ vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit. Dës Informatiounsronn bitt d’Méiglechkeet, sech iwwer déi nei staatlech Klimabonus-Subsiden ze informéieren an direkt mat de Beroder vun der Klima-Agence an den Austausch ze goen.
Themen sinn ënner anerem:
- erneierbar Stroum- a Heizsystemer,
- energetesch Renovatiounen,
- Elektromobilitéit,
- staatlech Hëllefen a Subsiden.
Méi Informatioune fannt Dir op www.klimabonus.lu




