
D’Stad Rëmeleng informéiert, datt d’Demolitiounsoarbechten um Gebai Nr. 87, Grand-Rue, op der Kräizung vun der Grand Rue, der rue de la Croix an der rue du Cimetière, zënter dem 1. Oktober 2026 lafen. Ab dem 12. Oktober 2026 gëtt de Verkéier am Beräich vum Chantier duerch provisoresch Luuchte gereegelt, fir d’Sécherheet ze garantéieren.
Betraff sinn:
- d’Grand-Rue (N33) op der Héicht vum Chantier;
- d’rue du Cimetière op der Kräizung mat der Grand-Rue;
- d’rue de la Croix op der Kräizung mat der Grand-Rue.
Mir bieden all Biergerinnen a Bierger, déi provisoresch Signalisatioun ze respektéieren a virsiichteg am Beräich vum Chantier ze fueren.
Den Avis au public mat allen Detailer fannt Dir hei als PDF.




