Gratis Sportsmaterial fir jiddereen

Nodeems d’Stad Rëmeleng den 19. August deen neie Calisthenics-Park ageweit huet, sinn dann den 2. September och nach zwou Këschten installéiert ginn, iwwert déi ee sech Sportsmaterial kann ausléinen. Doranner ass ee Fussball, Basketsball, Volleyball esou wéi och Petanque-Bullen, Fitness-Material an Dëschtennis-Racketten.

Wann een elo vun dësem Material wëll gebrauch maachen, muss ee sech als éischt d’App « Equip Sport » erof lueden. Op de Këschten ass och ee QR-Code, iwwert deen een direkt an den App-Store weidergeleet gëtt. D’Fonctionnement vun der App gëtt an der App Schrëtt fir Schrëtt erkläert. Uschléissend muss een nëmmen nach ee Konto erstellen, a scho kritt een Accès op d’Material, wat een natierlech nom gebrauch och nees muss zeréck leeën.

Dës Material-Këschten goufen hei zu Rëmeleng am park Municipal beim Volleyballterrain installéiert, fir déi sportlech Aktivitéit an der Gemeng ze fërderen a jidderengem d’Méiglechkeet ze ginn, vun deene sportlechen Infrastrukturen ze profitéieren.

Iwwert dëse Link kommt dir op déi genau Plaz, wou dës Këschten installéiert goufen:

📍Parc-Municipal Rëmeleng

Dernière modification le 03.09.2026

Des articles de la même catégorie

E Bam an d’Gewan

E Bam an d’Gewan

D’Fondatioun Hëllef fir d’Natur invitéiert Landbesëtzer, Beem an der Gewan ze planzen an domat d’Landschaft méi natur- a klimafrëndlech ze gestalten. Beem bidden Déiere Liewensraum a wichteg Verbindungen tëscht Liewensraim, schützen de Buedem virun Erosioun a kënnen...

lire plus
TICE – Temporär Ännerungen

TICE – Temporär Ännerungen

Wéinst engem Chantier zu Esch/Uelzecht gi vu Freideg, den 11. September vu 07h00 bis Sonndeg den 13. September 18h00, Ännerunge vun de Strecken op de Linnen 1, 3, 7, 13 et 15 virgeholl. Mir bieden Iech, d'Detailer zu den Ëmleedungen op den Internetsäiten...

lire plus
Changements concernant le bus scolaire

Changements concernant le bus scolaire

Dans le cadre de l’optimisation continue du réseau d’autobus RGTR, des ajustements sont apportés aux horaires et aux itinéraires de certaines lignes de bus RGTR, y compris de la ligne scolaire R07, à compter du dimanche 13 septembre 2026. Ces adaptations visent à...

lire plus
Aller au contenu principal