
An der éischter November-Woch sinn Ënnerhalts-Aarbechten un der Käl-Baach hannert dem Gemengenhaus geplangt. D’Aarbechte wäerten e puer Deeg daueren. De geneeën Datum steet nach net fest, well d’Aarbechten och vun de Wiederkonditiounen ofhänken.
Am Kader vun dësen Aarbechte ginn d’Beem geschnidden, Peppelen gefällt an d’Weiden zu Kappweide geschnidden.
Dës Moossnamen déngen dozou, d’Vegetatioun um Ufer ze erhalen an d’Sécherheet ze garantéieren. D’Beem a Planzen um Ufer spillen eng wichteg Roll: Si stabiliséieren d’Ufer, spenden dem Waasser Schiet a bidden Déieren e wichtege Liewensraum.
Besonnesch d’Schneide vun de Weiden zu Kappweide mécht et méiglech, dës Beem laangfristeg ze erhalen an hir natierlech Funktioun weider ze garantéieren.



