Gratis Sportsmaterial fir jiddereen

Nodeems d’Stad Rëmeleng den 19. August deen neie Calisthenics-Park ageweit huet, sinn dann den 2. September och nach zwou Këschten installéiert ginn, iwwert déi ee sech Sportsmaterial kann ausléinen. Doranner ass ee Fussball, Basketsball, Volleyball esou wéi och Petanque-Bullen, Fitness-Material an Dëschtennis-Racketten.

Wann een elo vun dësem Material wëll gebrauch maachen, muss ee sech als éischt d’App « Equip Sport » erof lueden. Op de Këschten ass och ee QR-Code, iwwert deen een direkt an den App-Store weidergeleet gëtt. D’Fonctionnement vun der App gëtt an der App Schrëtt fir Schrëtt erkläert. Uschléissend muss een nëmmen nach ee Konto erstellen, a scho kritt een Accès op d’Material, wat een natierlech nom gebrauch och nees muss zeréck leeën.

Dës Material-Këschten goufen hei zu Rëmeleng am park Municipal beim Volleyballterrain installéiert, fir déi sportlech Aktivitéit an der Gemeng ze fërderen a jidderengem d’Méiglechkeet ze ginn, vun deene sportlechen Infrastrukturen ze profitéieren.

Iwwert dëse Link kommt dir op déi genau Plaz, wou dës Këschten installéiert goufen:

📍Parc-Municipal Rëmeleng

Dernière modification le 03.09.2026

Des articles de la même catégorie

Een neie Bancomat zu Rëmeleng

Een neie Bancomat zu Rëmeleng

D’Aarbechten fänken de 26. August 2026 un a gi bis den 31. August. Vum 7. September 2026 un, soll dësen dann a Betrib sinn. Deen neie Bancomat ass Deel vum gemeinsame Bancomat-Netz zu Lëtzebuerg. D’Zil ass et, e modernen, sécheren an accessibele Service fir d’Awunner...

lire plus
Calisthenics-Park zu Rëmeleng

Calisthenics-Park zu Rëmeleng

De Calisthenics-Park zu Rëmeleng ass offiziell ageweit! Als Stad Rëmeleng wëlle mir eis Bierger motivéieren, sportlech aktiv ze sinn a sech reegelméisseg ze beweegen. An deem Kader gouf Mëttwoch, den 19. August, eise Calisthenics-Park offiziell ageweit. Calisthenics...

lire plus
Aller au contenu principal