
De Calisthenics-Park zu Rëmeleng ass offiziell ageweit!
Als Stad Rëmeleng wëlle mir eis Bierger motivéieren, sportlech aktiv ze sinn a sech reegelméisseg ze beweegen. An deem Kader gouf Mëttwoch, den 19. August, eise Calisthenics-Park offiziell ageweit.
Calisthenics ass eng Form vu Kraafttraining, bei där een haaptsächlech mam eegene Kierpergewiicht schafft. Ob fir e klengen Training tëschenduerch, fir sech fit ze halen oder fir seng eege Grenzen erauszefuerderen – hei ass fir jiddereen eppes dobäi.
Kommt laanscht, probéiert déi nei Installatioun aus a bleift a Beweegung



