
Spezialtour duerch de Minett – fir Leit mat enger visueller Behënnerung
Dësen Tour ass speziell fir blann a staark seebehënnert Persoune geduecht.
Zesummen entdecke mir de Minett. Wat ass Minett a wéi ass si entstanen? Wéi vill Zorte Minett ginn et a gëtt et hei nach aner Gestengs ausser dëst Eisenäerz. Wéi huet de Mënsch mam Minettofbau Landschaft verännert. Un Hand vun aus Eisen ugefäerdegte Landschaftsreliefer gi mer dat gewuer.
Eise Wee fänkt um Parking bei de Léiffrächen zu Keel un a féiert duerch dat grousst Dagebaugebitt a Richtung Rëmeleng. Mir beweegen eis gréisstendeels op engem Makadammswee a kommen dee selwechte Wee erëm zeréck. Nëmme fir bei d’Landschaftsreliefer ze kommen – oder wann et vun Iech speziell gewënscht ass – verloosse mir de Wee fir e puer Meter. Wéi wäit mir ginn, entscheede mir zesummen den Dag selwer am Grupp. Well et ënnerwee vill ze entdecke gëtt, soll een och bereet sinn, heiansdo mat den Hänn ze entdecken an dobäi e bëssen Dreck un d’Fangeren ze kréien.
Wichteg: • Fest Schong undoen • Dem Wieder ugepasste Kleeder droen • E Gedrénks matbréngen • Genuch Zäit matbréngen • Distanz: maximal 4 km
Ganz wichteg: Aus Sécherheetsgrënn muss all Persoun mat enger visueller Behënnerung wärend dem ganzen Tour vun enger groussjäreger Begleetpersoun begleet ginn. D’Begleetpersoun muss vun Iech organiséiert ginn. Eng Participatioun ouni Begleetpersoun ass aus Sécherheetsgrënn leider net méiglech.
Wann Dir un dësem Tour interesséiert sidd, mellt w.e.g. nëmmen déi visuell behënnert Persoun un. D’Begleetpersoun brauch net separat ugemellt ze ginn.

