
Nopeschfest
D’Iddi hannert dem Noperschaftsfest ass et, d’Leit aus der eegener Strooss oder dem Quartier méi no zesummen ze bréngen. Et ass eng schéi Geleeënheet, fir mat äre Noperen a Kontakt ze kommen an zesumme mat hinnen e gemittlecht Fest ze organiséieren. Jiddereen ass invitéiert, sech aktiv anzebréngen an dozou bäizedroen, datt een agreabelen a frëndlechen Austausch entsteet.
D’Plaz fir d’Fest ka ganz flexibel gewielt ginn – egal ob an der Entrée, am Gaart, an der Garage, am Haff oder esouguer um Trottoir oder an der Strooss. Wichteg ass just, datt och déi Nopere respektéiert ginn, déi net um Fest deelhuele wëllen oder kënnen.
Falls dir Invitatiouns‑Kaarte braucht, fir den Noperen auszedeelen, kënnt dir déi ganz gären op d’Gemeng an d’Sekretariat op den éischte Stack siche kommen. Dir kënnt se awer och HEI eroflueden a selwer eraus printen.
Fir zousätzlech Informatiounen zu ärem Fest oder fir Material wéi Gitter, Bänken oder Dëscher ze reservéieren, kënnt Dir Iech ganz einfach beim Service culturel mellen: serviceculturel@rumelange.lu

