
Liewe mat Demenz
Info-Nomëtteg zum Thema Demenz
Samschdeg, den 29. Mäerz vu 15.00 bis 17.00 Auer
am Club Haus an de Sauerwisen zu Rëmeleng
D’Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer organiséiert an Zesummenaarbecht mam Club Aktiv an de Sauerwisen an der Commission de la famille et de l’accessibilité vun der Stad Rëmeleng en Info-Nomëtteg op Lëtzebuergesch iwwert d’Demenz.
Theme vum Info-Nomëtteg
• Alzheimer an aner Demenzformen
• Diagnos a Symptomatik
• Ëmgang mat der Diagnos
• Ënnerstëtzung a Bewältegung am Alldag
• Liewe mat Demenz
• Servicer vun der ala
• Froen an Äntwerten
Erklärunge vun der Mme Nathalie Maas, Responsabel vum Foyer Minettsheem zu Rëmeleng, an dem Här Roland Weiland vum Sozial- a Koordinatiounsdéngscht vun der ala.
Fir Kaffi a Kuch ass gesuergt.
Umeldung bis spéitstens den 22. Mäerz beim Club Haus an de Sauerwisen op der Nummer 56 40 40

