
Laureatefeier
Dëst ass dat Event, wou d’Stad Rëmeleng alleguerten deene Leit eng Unerkennung schenke wëll, déi esouwuel am Sportlechen, wéi och am Kulturelle Beräich, tëscht 2024 an 2025 eppes erreecht hunn. Et geet hei net nëmmen dorëms fir deene Betraffenen déi Opmierksamkeet ze schenken, mee och dorëms Merci ze soen fir hiert Engagement. Donieft ginn och ëmmer eng Rei un Éieregäscht ausgezeechent, déi zum Beispill am Beräich vum Benevolat eng Unerkennung verdéngt hunn.

