
Internationale Fraendag
De Schäfferot an d‘Chancëgläichheetskommissioun vun der Stad Rëmeleng invitéiere Sonndeg, den 8. Mäerz 2026 am Kader vum INTERNATIONALE FRAENDAG op de Film “She said” um 18h00 am Cine Kursaal hei zu Rëmeleng. D’Entrée ass gratis!
“She Said” ass e Filmdrama vun 2022, realiséiert vum Maria Schrader. Erzielt gëtt d’Recherche vun de New York Times-Journalistinne Jodi Kantor a Megan Twohey, gespillt vum Zoe Kazan a Carey Mulligan. Si hunn déi laangjäreg Geschicht vu Mëssbrauch a sexueller Mësshandlung vu Fraen duerch de Produzent Harvey Weinstein opgedeckt. Mat dobäi sinn och Patricia Clarkson, Samantha Morton an d’Ashley Judd, déi sech selwer spillt.
De Film ass op Däitsch mat franséischen Ënnertitel.
Klickt HEI fir den Trailer vum Film ze kucken.

