Halloween – Nuetsrallye

D’Jugendkommissioun zesumme mam Schäfferot vun der Stad Rëmeleng freet sech, kënnen dëst Joer en Halloween-Rallye ze organiséieren . Op dëser Säit fënnt dir e puer nëtzlech Informatiounen.

Wat? Wou? Wéini?
  • Den Halloween-Rallye ass den 31. Oktober 2025
  • Umeldeschluss ass den 10. Oktober 2025
  • De Rallye dauert ongeféier 4 Stonnen
  • Um Wee gi flott Spiller vun de lokale Veräiner ugebueden
  • Fir e klenge Präis kritt där op der Plaz eppes ze iessen an ze drénken

 

Konditiounen
  • All Ekipp muss aus 4 bis 6 Léit bestoen
  • De Mindestalter ass 12 Joer. Fir déi Léit ënner 18 Joer brauche mär eng Autorisatioun vun den Elteren
  • All Ekipp muss mindestens 1 Responsabelen hunn dee méi wéi 18 Joer huet.
  • D’Participatioun kascht 5€ pro Persoun
  • No Ärer Umeldung kritt där eng Confirmatioun mat der Rechnung an den Autorisatiounen
  • Nom Paiement ass är Umeldung fix

 

Wat soll där matbréngen?
  • Fest Schung
  • Kleeder, déi de Wiederkonditiounen ugepasst sinn (opgepasst, et geet duerch de Bësch)
  • Täscheluuchten- obligatoresch (den Handy geet NET duer)
  • Handy
  • Bidon fir mat Waasser ze fëllen

Hues du Loscht bei eisem Halloween-Rallye matzemaachen, da mell dech an deng Ekipp esou schnell wéi méiglech un, well d’Plaze sinn op 12 Ekippen begrenzt. Umelle kënnt dir iech ganz einfach iwwert HEI.

Date

31 octobre 2025
Expiré!

Heure

18:00 - 23:00

Plus d'Infos

Umellen

Lieu

Centre Culturel
99, grand rue

Organisateur

Ville de Rumelange
Téléphone
563121218
Email
serviceculturel@rumelange.lu
QR Code

Scannez le QR Code pour ajouter l'événement à votre calendrier et ne pas manquer cet événement !

Aller au contenu principal