Floumoart, Bike & Breakfast

Start den Dag mat engem leckere Fairtrade-Frühstück a verbréngt e flotte Sonndeg am Zeeche vun der Nohaltegkeet, dem Vëlo an dem Second-Hand

Programm

  • 08h30 – 11h00: Gratis Fairtrade-Frühstück
  • Ab 09h00: Floumoart & Second-Hand Sportsartikelen (Wann et reent, gëtt de Floumoart am Centre Culturel gemaach)
  • 10h45: Vëlostuer – Klickt HEI fir Iech den Tour schonn am Virfeld kënnen unzekucken. (bei schlechtem Wieder fält de Vëlostour aus)

 

Dir wëllt um Floumoart matmaachen? D’Umeldung leeft ausschliisslech iwwert een Online-Formulaire. Dëse fannt dir andeems dir op de Knäppchen UMELLEN dréckt. D’Participatioun ass 10 € pro Stand (3x3m).

Donieft gëtt et e Second-Hand-Stand mat Sportsartikelen. D’Stad Rëmeleng verkeeft an ärem Numm Sportsartikelen, déi dir net méi braucht. Wann Är Artikelen verkaaft ginn, kritt dir de Betrag vun der Gemeng iwwerwisen. 20 % vum Verkafspräis vun all Artikel ginn un e gudden Zweck gespent. D’Receptioun vun den Artikelen ass den 12. September vu 17h00 bis 19h00 am Service Régies (1, Rue de l’Usine, 3754 Rëmeleng). 

Fir weider Informatiounen oder bei Froen kënnt Dir Iech gären beim Service Culturel mellen:
Tel: 56 31 21 218
Email:  serviceculturel@rumelange.lu

Kommt laanscht a genéisst e gemittlechen Dag mat engem gudde Frühstück, flotte Stänn an enger flotter Vëlostour!

Date

20 septembre 2026

Heure

08:30 - 17:00

Plus d'Infos

UMELLEN

Lieu

Centre Culturel
99, grand rue

Organisateur

Ville de Rumelange
Téléphone
563121218
Email
serviceculturel@rumelange.lu
UMELLEN
QR Code

Scannez le QR Code pour ajouter l'événement à votre calendrier et ne pas manquer cet événement !

Aller au contenu principal