
Diversitéit vun den Aarten a Liewensraim am Minett
Diversitéit vun den Aarten a Liewensraim am Minett
Wéini ? 24.05.2025 9:00-12:00
Wou ? Parking Monument national des Mines, Kayl
An de fréiere Minnen hu vill Planzen- an Déierenaarten nei Gemeinschafte gebilt. Vill vun hinne si leider haut rar ginn an zielen zu de bedroten Aarten. Entdeckt mat eis déi fir dës Schutzgebidder typesch Liewensraim a charakteristesch Aarten. Dir gitt dobäi méi gewuer iwwer hier Besoinen, Weiderbildungsstrategien a wat de Mënsch u Moossname kann ëmsetze fir hiren Erhalt.
Den Tour huet 4 km an dauert ca. 3 Stonnen. Vergiesst net dem Wieder ugepasste Gezei, gutt Wanderschong an eppes ze drenken.
Sprooch: Lëtzebuergesch / Däitsch
Umeldung: administration@sicona.lu / 26 30 36 25

