
De Bluffert by Rëmelenger Theaterfrënn
D’Rëmelenger Theaterfrënn invitéieren iech häerzlech op hir traditionell Theaterowenter respektiv op hiren Theaternomëtteg! Dëst Joer proposéiere mir iech eng Landespremière mam Stéck « De Bluffert » – e lëschtegt Theaterstéck an 3 Akte vum Marc CAMOLETTI; op Lëtzebuergesch iwwersat an adaptéiert vum Marc KEMMER. Freet iech op eng sprëtzeg Komedie, wou d’Wourecht meeschtens dann opkënnt, wann een se net erwaart …a jidderee mat engem aner e geféierlecht Spill spillt!
Dëst Joer gëtt mat Mikro gespillt 😉
Ab dem 10. Februar 2025 start de Virverkaf iwwer Mail (rtf_lux@outlook.com), Telefon (621 722 103), am « Café Am Heim » oder am « Salon de coiffure Marlyse By Sandra ».


