Buergbrennen

Buergbrennen ass eng al lëtzebuergesch Traditioun, mat där de Wanter symbolesch verdriwwen an d’ Fréijoer begréisst gëtt. D’Feier steet fir Luucht, Hëtzt an nei Liewenskraaft a markéiert de Wiessel an eng méi hell a lieweg Joreszäit.

Normalerweis gëtt d’Buergbrennen um éischte Sonndeg no Fuesent gefeiert. Dëst Joer feiere mir et awer ausnahmsweis schonn um Samschdeg, den 21. Februar.

Hei de Plang vum Owend:

D’Stad Rëmeleng schafft hei zesumme mat de fräiwëllege Pompjeeën an d’Restauratioun gëtt vun der Stad Rëmeleng organiséiert.

Dëst Joer hu mir op der Moartplaz och ee klenge „Stand“ virgesinn, wou ee scho Bonge kafe kann. D’Iddi dohannert ass fir nom Cortège bei der Skater-Pist, keen ze groussen Undrang bei der Keess ze hunn. Falls dir op der Moartplaz scho wëllt Bonge kafen, da kënnt dir dat deemno gäre maachen, allerdéngs kann hei just mat der Kaart bezuelt ginn. Bei der Skater-Pist gëtt dann awer Cash & Kaart akzeptéiert.

D’Präislëschte fir d’Iessen an d’Gedrénks fannt dir hei: Präislëschten

Date

21 février 2026
Expiré!

Heure

18:00 - 23:00

Lieu

Skate-Park

Organisateur

Ville de Rumelange
Téléphone
563121218
Email
serviceculturel@rumelange.lu
QR Code

Scannez le QR Code pour ajouter l'événement à votre calendrier et ne pas manquer cet événement !

Aller au contenu principal