
Boarbelendag
Dëst Joer feiere mir nees Boarbelendag hei zu Rëmeleng. An deem Kader invitéiert de Rëmelenger Schäfferot Äre Veräin häerzlech, dësen Dag zesumme mat eis ze feieren.
No dem Cortège gëtt et géint 11h00 eng Receptioun (keng Umeldung néideg) am Centre Culturel an uschléissend nach eng Choucroute Garnie géint 12h30.
Fir um Iessen deel ze huelen muss dir iech iwwert den Online-Formulaire umellen an dat bis spéitstens den 22. November inclus. –> UMELLEN
D’Nofro fir Boarbelendag gëtt ëmmer méi grouss. Deemno biede mir ëm Verständnis, datt d’Plaze limitéiert sinn. Aus deem Grond funktionéiere mir nom Prinzip « First come, first served ».
No der Umeldung kritt dir een Ticket per PDF (een Ticket pro Persoun) op är Email-Adress geschéckt. Dëse musst dir op Boarbelendag an der Entrée vum Centre Culturel virweise kënnen. Wa sollte Problemer oder Froen optauchen, kënnt dir iech natierlech per Email oder Telefon bei eis mellen.
Programme
09h30 : Départ vum Cortège an der rue du Parc a follgender Reiefolleg – Police, Pompjeeën & Boarbel, Harmonie Municipale, Schäfferot, Gemengerot, Douane, Invitéen a Veräiner.
De Cortège geet dann duerch d’Grand-rue, iwwert d’rue de la Croix wou d’Boarbel-Statu de Cortège verléisst an an de Centre Culturel gedroe gëtt.
Uschléissend gëtt sech virum « Monument des Mineurs » beim Musée National des Mines versammelt a Blumme néier geluecht mat musikalescher Einlag vun der Harmonie Municipale.
Zum Schluss ass eng Mass an der Galerie, gehaale vum Abbé Léon Weber.
11h00 : Receptioun am Centre Culturel, offréiert vun der Stad Rëmeleng.
12h30 : « Choucroute Garnie » am Centre Culturel ( 20€ pro Persoun. Nëmmen op réservatioun/umeldung vie Online-Formulaire)

