Rallye « Luxembourg-Classic » 2026

Samschdeg, den 12. September 2026, mécht déi 6. Luxembourg Classic och Halt respektiv eng Duerchfaart duerch d’ Stad Rëmeleng. Bei dëser zwee-Deeg-Oldtimer-Rallye sinn eng Rei historesch Gefierer ënnerwee an entdecken déi verschidde Regioune vu Lëtzebuerg.

Op enger Gesamtdistanz vu ronn 449 Kilometer féiert de Parcours duerch vill verschidden Uertschaften an och iwwer d’Grenz a Frankräich. Se starte Freideg den 11. September a fueren da Samschdeg, den 12. September och duerch Rëmeleng. Déi genau Streck a weider Detailler, fannt dir HEI.

D’Awunnerinnen an Awunner vu Rëmeleng si häerzlech invitéiert, déi flott Oldtimer bei hirer Duerchfaart ze bewonneren.

Date

12 septembre 2026

Heure

Journée entière

Lieu

Rumelange
Rumelange
QR Code

Scannez le QR Code pour ajouter l'événement à votre calendrier et ne pas manquer cet événement !

Aller au contenu principal