
Ënnert dësem Motto huet d’Regierung zesumme mat der Police den 16. November 2026 eng nei Sensibiliséierungskampagne lancéiert, déi sech besonnesch un eeler Leit riicht.
D’Zil vun der Campagne ass et, op déi verschidde Forme vu Bedruch opmierksam ze maachen an eeler Leit ze sensibiliséieren, wéi si sech viru Betrüger schütze kënnen. Mat Flyeren, Dierhänger an Dëschständer ginn déi wichtegst Sécherheetsmoossnamen an Tipps vermëttelt.
D’Stad Rëmeleng ënnerstëtzt dës wichteg Initiativ a rifft dozou op, besonnesch op verdächteg Situatiounen opzepassen an am Zweiwelsfall virsiichteg ze sinn. E wichtegt Uleies ass et och, eeler Leit z’erreechen, déi eleng oder isoléiert liewen.
Zesumme kënne mir dozou bäidroen, eis eeler Matbierger besser ze schützen!
Méi Informatiounen iwwer d’Campagne an déi verschidden Aarte vu Bedruch fannt Dir op der Websäit vun der Police:
https://police.public.lu/fr/prevention/arnaques/arnaques-ciblant-les-personnes-agees.html


