SICONA Day 2026 – Naturschutz erliewen
SICONA Day 2026 – Naturschutz hautno erliewen
Den 6. Juni 2026 steht ganz am Zeeche vum Naturschutz: Beim SICONA Day zu Kielen ass jiddereen invitéiert, d’Aarbecht vum SICONA a seng Projete kennenzeléieren. Vun 09:30 bis 16:30 Auer gëtt den Atelier technique vum SICONA zum Treffpunkt fir Naturfrënn, Familljen a Visiteuren aus der Regioun.
Naturschutz an der Praxis
Ënnert dem Motto „Naturschutz an der Praxis – sidd ganz no dobäi!“ kritt Dir en authenteschen Abléck an déi aktiv Naturschutz-Aarbecht. De ganzen Dag iwwer ginn et Aktivitéiten am a ronderëm den Atelier, fir Grouss a Kleng.
Themen déi presentéiert ginn:
- Aarteschutz am Duerf
- Produktioun vu Wëllplanzen
- Naturpakt
- Fuerpark vum SICONA
- „SICONA Kids“ fir déi kleng
- E Foodcorner mat regionale Produiten
Spannend Aktivitéiten fir jiddereen
De Programm ass divers opgebaut a bitt interaktiv Erfarungen an der Natur:
- Kanner-Rallye: Eng spilleresch Entdeckungstour duerch d’Natur
- Visitt op engem Bauerenhaff: Abléck an d’landwirtschaftlech Praxis
- Mam Wanderschéifer ënnerwee: D’Aarbecht mat Déieren live erliewen
- Plänzchen hei, Plänzchen do: Biodiversitéit am Alldag entdecken
- Bommel, Bei a Päiperlek: Insekten erkennen a verstoen
- Fiichtgebidder fir Amphibien: Wichteg Liewensraim entdecken
- Wëllkraiderwanderung: Iessbar Kraider an der Natur erliewen
Vill vun dësen Aktivitéite ginn a verschidde Sproochen ugebueden (Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch), fir datt jidderee matmaache kann.
Umelle kënnt dir iech iwwert de Knäppchen UMELLEN op dëser Säit.

