
Joyeuse Entrée : accueillez le couple grand-ducal dans la région du Minett !
De 24. Abrëll 2026 ass d’Regioun Minett a Beweegung: Am Kader vun der Joyeuse Entrée empfänkt de Süden déi groussherzoglech Koppel.
D’Joyeuse Entrée fänkt um Belval un, wou déi groussherzoglech Koppel géint 16 Auer op der Gare ukënnt. Vun do aus geet et iwwer de Vëlodukt mam Vëlo bis op d’Place de la Résistance zu Esch, begleet vun Animatiounen an der Participatioun vu regionale Veräiner a Vëloklibb. D’offiziell Arrivée zu Esch ass géint 17 Auer virgesinn.
Schonn ab 15 Auer ginn et um Belval, ronderëm d’Halle des Poches à Fonte, ee festlechen an innovative Programm mat Musek, Animatiounen, wëssenschaftlechen Aktivitéiten an Ausstellungen. Am Häerz vun Esch verwandelt sech d’Place de la Résistance ab 16 Auer an eng grouss Volleksfest-Plaz mam Thema Zesummeliewen, mat Shows, artistesche Performancen, Atelieren, Iessen a Gedrénks. De Programm geet owes mat engem bal populaire an DJ-Animatioune vun 18 Auer bis 22 Auer weider.
All Animatioune sinn gratis a fir jiddereen zougänglech. Den Zougang gëtt virun allem zu Fouss oder mat den ëffentlechen Transporter recommandéiert.
👉 All weider Detailer, de komplette Programm a praktesch Informatioune fannt dir op der Internetsäit vun der Stad Esch:
https://citylife.esch.lu/2026/03/24/joyeuse-entree-accueillez-le-couple-grand-ducal-dans-la-region-du-minett/

