
Halloween – Nuetsrallye
Den 31. Oktober organiséiert d’Jugendkommissioun déi zweeten Editioun vum Halloween-Nuetsrallye. Lass geet et am Centre Culturel (99, Grand-Rue). Hei drënner fannt alleguerten d’Infoe fir iech unzemellen, genau esou wéi och d’Konditiounen.
Umelle kënnt dir iech iwwert de knäppchen UMELLEN.
Deadline Aschreiwungen: 9. Oktober 2026
Participatioun: 5 € pro Persoun
Konditiounen
- Eng Ekipp besteet aus 4 bis 6 Leit.
- All Ekipp muss mindestens 1 Responsabelen iwwer 18 Joer hunn.
- Fir Persounen ënner 18 Joer ass eng Autorisatioun vun den Elteren néideg.
- No der Umeldung kritt dir eng Rechnung. D’Umeldung ass eréischt nom Paiement confirméiert.
Wat sollt dir matbréngen?
- Fest Schong
- Wiederfest Kleeder – et geet duerch de Bësch
- Täscheluucht
- Handy
- Bidon mat Waasser
Bereet iech op eng flott a spannend Halloween-Nuecht vir!

