
Grouss Botz
D’Stad Rëmeleng invitéiert Iech häerzlech op eis grouss Botz!
Rendez-vous ass Samschdeg, den 18. Abrëll 2026 um 09h30 op der Moartplaz.
Zesumme mat der Ëmweltkommissioun maache mir eis Stad nach méi propper a méi schéin. No der Opdeelung a Gruppen geet et lass – Material gëtt natierlech zur Verfügung gestallt.
Als Merci gëtt et zum Schluss e flotte Barbecue am Haff vum ale Schluechthaus! Kommt laanscht, bréngt Frënn a Famill mat a setzt zesumme mat eis e staarkt Zeeche fir d’Ëmwelt!

