
Chrëschtmoart
De Chrëschtmoart hei zu Rëmeleng, deen dëst Joer vum 5. bis de 7. Dezember inclus op der Moartplaz organiséiert gëtt, ass zanter enger ganzer rei Joren feste Bestanddeel vum Rëmelenger Event-Kalenner. Et ass do wou sech déi Rëmelenger Leit an natierlech och Leit vun Ausserhalb zesumme fanne fir eng schéin Zäit mat der Famill a Frënn ze verbréngen.
Programmatioun
Freides, de 5. Dezember
16h00: Start mam DJ Tun
17h00: Kleeschen um Chrëschtmoart
18h30: Offiziell Ouverture mam Schäffen- a Gemengerot
19h00: The Christmas Duo
20h30: The Grey Tress
21h30 bis 22h00: Clôture mam DJ Tun
Samschdes, de 6. Dezember
15h00: Start mam DJ Tun
16h00: Jennifer Waack
18h00: Charlie
20h00: TASCHA
21h30 bis 22h00: Clôture mam DJ Tun
Sonndes, de 7. Dezember
15h00: Start mam DJ Tun
16h00: Jalo & Sounds
17h30 bis 19h00: Clôture mam DJ Tun
Chaleten um Chrëschtmoart 2025
Dëst Joer hu mir natierlech och nees eng ganz Rei u Chaleten op der Plaz wou dir eppes kënnt drénken an iessen, genau esou wéi Chalete mat Deko-Artikelen a Kleeder. Hei een Iwwerbléck, mat de Participanten, déi dëst Joer um Chrëschtmoart ee Chalet hunn:
- Liliane Martins
- Jugendhaus
- Café am Heim
- Salon Romaine op Rieder
- Fraen a Mammen
- Oka Studio
- Andrée Heitz
- Astoria
- CIS – Rëmeleng
- Notre Terroir
- K.C. Bei der Minn
- Clubhaus an de Sauerwisen
- Fleurs Karblumm
- Vera Konstantinova
- Martine Lacroix
- David Feidert

