
Boarbelendag
D‘Stad Rëmeleng invitéiert op Boarbelendag 2025
Boarbelendag ass zanter Joren ee feste Bestanddeel vun der Kultur hei zu Rëmeleng an dofir invitéiert d’Stad Rëmeleng seng Bierger op dës Feier.
Programme
9h30 – Start vum Cortège
De Start ass an der rue du Parc. Vun do aus geet et da bis bei de Musée des Mines. Dono ass dann direkt eng Gedenk-Zeremonie virum Monument vun de Mineuren beim Musée des Mines mat uschléissender Mass an der Galerie vum Musée des Mines, gehale vum Abbé Léon Weber an dem Diakon René Schumacher.
11h00 bis 12h00 – Éierewäin
Offréiert vun der Stad Rëmeleng am Festsall vum Centre Culturel « André Zirves », fir alleguerten déi Leit déi um Cortège deel geholl hunn.
Um 12h30 – „Choucroute Garnie“
Am Centre Culturel « André Zirves“ ( Präis : 20 € ). D’Umeldunge fir d’Iesse lafen ausschliisslech iwwert een Online Formulaire. Klickt HEI fir Iech anzeschreiwen. D‘Umeldunge sinn nëmme fir d‘Iessen néideg. Wann Dir just op den Éierewäi kommt, musst Dir Iech net umellen.
Bei Froen oder Problemer kënnt Dir Iech gär iwwer E-Mail oder Telefon bei eis mellen:
Mail : serviceculturel@rumelange.lu / Tél : 56 31 21 – 218

